Reservatioun
Dier kënnt gären ab 19h00 e Patt an d’Hal drénken kommen.
Wann Dier wellt en Desch fir Iech oder e Grupp reservéiren, da mellt Iech w.e.g. op:
info @ beierdengendo.lu oder um 621-431081 (Talissa Spitoni).
Eiser schéiner lëtzeboier Lidder mam Panzpianist Claus a mam Schéine Poli !
Fir matt ze sangen, matt ze danzen, ze schmunzelen an heiandsdo fir ze kräischen. Vun Dicks, Lentz, Colette a Fernand bis hin zu Fausti, Benny and the Bugs an eegene Kreatiounen ass alles dobäi.
Dir gesidd, et gëtt net nëmme Schmalz fir an de Mo, mee och fäinsten Téin fir de Schmalz an ären Ouren.
An et sief gewosst ! Bis elo huet nach ni een eis anzwouch erausgehäit, mee schon dacks moies um 3 bei Neons Luucht erausgekiert !
Dofir schmiert är Stëmm a kommt net laanscht mee bis eran, a gitt Deel vun eisem Speck-takel!