BEIER-DENGEN-DO

D’Geschicht schreift d’Joer 2008….

…..zu e puer Kollegen hu mer e relativ fiichten Nomëtteg op der Béierfoire um Kierchbierg verbruet. Wat genau um Schluss vun deem schéinen awer och ustrengende Mëtteg iwwreg bliwwen ass, weess kee méi esou genee…..bis op eppes……d’Iddi war opkomm fir en „Déngen“ z’organiséieren, wou ee verschidden Zorte Béier kritt.

Sou hu mer eis zu e puer un en Dësch gesat an e Projet fir e Fest?……Bal?…..oder wat et och ëmmer sollt ginn, ausgeschafft.

Den Dag war séier definéiert. Et sollt op Buergsamschdeg falen.

Zwee Méint virum „Déngen“ stoung alles op de Been:

  • 13 Zorte Béier
  • en 2 Mann Orchester,
  • Reklammen an e puer kleng Sponsoren,
  • eng, fir déi éischte Kéier net schlecht dekoréiert Hal.

Daat Eenzegt wat eis nach gefeelt huet, war en Numm, deen, wann d’Leit en héieren, virwëtzeg maache sollt.

Well bis dohin an all de Versammlungen den Projet just dat „Déngen Do am Februar“ genannt ginn ass, si mer eis eens ginn einfach „Béier“ virdrun ze setzen. E sou ass en Numm entstanen, deen d’Leit bis haut nach ëmmer komesch fannen: de „Béier-Déngen-Do“.

Dei 1. Oplo war fir eis en Erfolleg mat iwwert 220 Entréeën.

2010 si mer e Schratt weider gaang an hunn d’Coverband „Not Without“ engagéiert an nach méi Sponsore gesicht.

2011 hu mer eis do decidéiert dat Ganzt mat nëmme lëtzebuerger Béier ze féieren wou e positive Feedback vu ville Leit zeréckkomm ass.

Vun 2009 bis 2017 si mer op iwwert 600 Entréeën geklommen, wat fir eis e Beweis ass, dass de Leit de Projet gefällt, an op dësem Punkt versprieche mir alleguer de Leit, déi eis 2018 besichen, net enttäuscht ze ginn.

Bis dohin: Loosst d’Kierch am Duerf an haalt d’Energie fir den 17. Februar  2018.

Eisen DJ stellt sech vir:

GetInline

Zënter 2009 sinn ech als DJ uechter d’Land & an der Groussregioun ënnerwee.

Vu Rock, Pop iwwert flott Danz‘ a Stëmmungsmusek aus den 70′s, 80′s an 90′s bis haut spillen ech all Genre vun Musek a probéieren natierlech och op d’Wënsch vun de Leit anzegoen.

Vu klenge private Feiere bis hin zu grousse Baler kommen ech zum Asaz, awer och op Hochzäiten a Personalfeieren.

Fir d’Organisatioun an d’Opriichte vum Material ewéi Anlag, Mëschpulter a Lute braucht Dir Iech bis 1.500 Persounen net ze suergen.
Fir weider Informatiounen oder d’Buche kënnt Dir mech um Tel: 621-410184 oder E-mail djstarsky@icloud.com erreechen.

Mee well een natierlech net d’Kaz am Sak wëll buchen ass et am beschten Dir kommt Alleguerten de Samschden, de 17. Februar 2018 op de Béier Déngen Do an den Hal Polyvalent op Suessem, wou ech Iech ab 21:00 Auer mat gudder Musek an den Owend erabegleede wäert.

Bis dann! Ären DJ STARSKY. Facebook

DJ Starsky

Mat Live-Gesang vum Armand Thies!

Armand Thies Booking

DONNO AB 23H00 déi duerch d’Land an iwwert d’Grenzen bekannten :

D’Coverband WALLSTREET, déi dest Joer fir d’drëtt do sin.

 

wallstreet_logo_1

 

Save

Save